De Weekend vum 11. an 12. November hunn 8 Memberen vum CISDipp un engem Atemschutznotfallmanagement Léiergang deelgeholl deen bei eis am Zenter organiséiert gouf.
Zesummen mat 4 Kollegen vum Centre d'Incendie et de Secours Monnerech Reckeng/Mess hunn si an der Theorie, mais virun allem och an der Praxis déi néideg Grëffer gewisen kritt déi ugewannt mussen ginn wann eemol een Otemschutztrupp an eng Noutsituatioun kënnt an Hëllef vu Baussen brauch.
No der Aféierung an d'Matière sinn an sëllechen Übungen an voller Otemschutzmontur an ënner Null-Siicht-Verhältnisser dës Gesten ëmmer weider verdéift ginn.
Et war een ganz interessanten, informativen awer och ustrengenden Weekend fir all d'Participanten déi awer all mat Bravour den theoreteschen an prakteschen Test bestanen hunn.
Een groussen Merci un all Participant esou wéi och un all Instrukter fir deen flotten Cours.
No den villen Asätz déi läscht Deeg war et haut mol méi en flotten an relaxen "Asaz". Den CISDipp huet fir Dippecher Kiermes den traditionellen Hämmelsmarsch organiséiert. Mat der Hëllef vun den Kollegen vun der Fanfare Keispelt-Meispelt sinn se duerch Duerf gezunn, an als Ofschloss vun der Porte Ouverte am neien Waassertuerm profitéiert fir déi eemol Geleeënheet ze notzen an eng kleng Kostprouf an deenen nach eidelen Cuven zum Beschten ze ginn. Merci deenen groussen a virun allem klengen Pompjeeën esou wéi den Kollegen vun der Fanfare Keispelt-Meispelt déi trotz dem net esou gudden Wieder net gezéckt hunn fir dës Traditioun weider ze féieren.
De Pompjeescorps aus der Gemeng Dippech wëll all deenen déi aktiv oder inaktiv un eiser Porte Ouverte deelgeholl hunn een ganz ganz groussen Merci ausschwätzen.
Merci den Nopeschcropsen vum Centre d'Incendie et de Secours Pétange/Bascharage a Centre d'Incendie et de Secours Mamer souwéi der Ambulanz vum Protexzenter Péiteng fir hier flott Übungen mat deenen si dem Publique en Abléck an den Alldag vum Rettungsdéngscht ginn hunn.
Merci den Léit déi mat hiren Stänn do waren an Léit iwwer verschidden Saachen informéiert hun.
Merci awer och all deenen Léit déi gehollef hunn dass den Dag esou reiwungslos iwwert d'Bühn gaangen ass.
Deen gréissten Merci awer gëllt all den Leit déi eis besichen komm sinn a gewisen hunn dass si um Rettungswiesen interesséiert sinn an esou derzou bäigedroen hunn dass dës Manifestatioun een ganz groussen Succès ginn ass.
Mir sinn houfreg op déi gelongen Manifestatioun an mir freeën eis schonns drop dëst an Zukunft nach eemol ze widderhuelen.
Deen leschten Merci gëllt dem Raymond Brausch fir säin onermiddlechen Asaz fir ëmmer an iwwerall d'Wierken vun den Pompjeeën am Bild fest ze halen. Hei ënnendrënner dann seng Galerie déi hien vun der ganzer Manifestatioun opgestallt huet.
Duercht d'Porte Ouverte ass 3 Cantons Strooss nemmen am Sens Unique ze befueren. Am Unhang een Bild vun der Situation.
Den Weekend vum 16.ten September sinn Dieren beim CISDIPP grouss op. D'Pompjeeën aus der Gemeng Dippech maachen déi éischt grouss Porte Ouverte vum neien Fusioncorps CISDipp. Loosst iech dëst Event Samschdes den 16.ten September 2017 ab 14:00 Auer net entgoen.
Niewent Visitten vum neien Asazzenter ginn och Übungen vun eisen Jugendpompjeeën, ewéi och vun den Asazzenteren Mamer an Käerjeng/Péiteng ofgehalen. Losst iech d'Chance net entgoen d'Pompjeeën bei der Aarbecht nozekucken. D'Visitten vum Asazzenter ginn vun den Pompjeeën vum CISDipp gehalen an Sie weisen iech wat alles an sou een modernen Pompjeesbau gehéiert.
Deen ganzen Dag ass fir Iessen an Gedrénks gesuergt. Owes ab 19:00 Auer suergt den DJ ROM fir gutt Stëmmung.
D'Pompjeeën aus der Gemeng Dippech freeën sech Iech all dierfen den 16.ten September ze begréissen.
Eis Jugendpompjeeën sinn als Ofschloss virun der Summervakanz op dat grousst Kreiszeltlager bei eis Kollegen op Morscheid gefuer. Iwwer 600 Kanner waren do schonn eng ganz Woch um Camp, mais well hei d'Kanner déi Woch nach Schoul haten, sinn si iwwer den Weekend dohigefuer. Nieft verschiddenen Visitten goufen et lëschteg Owender an vill Spaass fir d'Kanner. Mir soen den Morscheider Kollegen Merci fir dësen ganz flotten Weekend. Een groussen Merci awer och un eis onermiddlech Jugendleeder, well ouni si wär dat natierlech net méiglech gewiescht.
Fir d'Ofschlossübung vum Summersemester 2017 sinn d'Kollegen aus dem Asazzenter vum Mamer op Besuch komm. Sie hunn der Equipe vum CisDipp den Ëmgang mat der Dréileeder, méi genau der TLK ( Teleskopleeder mat Kuerf) erkläert. Dës ass wichteg fir dass eis Memberen am Fall vun engem Brand oder enger Persounerettung ouni grouss Problemer mat den Kollegen vun Mamer kennen zesummen schaffen. Duerch den ELS kennen dës Zeenarien mei dacks virkommen. Mir soen den Kollegen vu Mamer Merci fir dës ganz interessant an opschlossräich Übung.
Hei een klengen Artikel iwwer eis Permanence-Equipe gëschter während dem Passage vum Tour de France duerch d'Gemeng Dippech. Eis Equipe stoung deen ganzen Mëtteg am Status 1, fir am Fall vun enger Interventioun direkt kennen auszerécken. Well duerch de Passage vum Tour de France verschidden Stroossen ronderëm den Zenter gespaart waren an eis Leit net vun Doheem hätte kéinten an den Zenter fueren war vun der ASS eng sougenannten “Garde casernée” also eng Garde am Zenter gefrot ginn. Den CISDipp war mat 8 Leit an 2 Gefierer vertrueden.
Eis Jugend vun den Dippecher Pompjeeën ass leschten Samschden d'Hondsstaffel vun den Pompjeeën kucken gaangen. Nodeems d'Kanner bëssen erkläert kruten wat alles sou trainéiert gëtt an firwat d'Muppen esou gutt sinn fir Leit ze sichen, gouf hinnen an verschiddenen Atelieren gewisen wat déi op zwee an véier Been alles esou kennen. Den Highlight war sécher, d'Sichaktioun wou d'Kanner sech selwer konnten verstoppen, sou dass d'Muppen se hun missten sichen.
Mir soen der Hondsstaffel villmools Merci, dass Sie sech Zäit geholl hunn.
Leschten Donneschden ass eng kleng Equipe vum CISDipp op Morscheid gefuer, fir mat den Pompjeeskomeroden een flotten Nomëtteg ze verbréngen. D'Morscheider Pompjeeën, déi een vun zwee Partnercorpsen vun den Pompjeeën aus der Gemeng Dippech sinn, invitéieren all Joer op hiren traditionellen Vatertag. Mir soen hinnen Merci fir d'Verfleegung an déi gutt Stëmmung.
Nodeems insgesamt bal 15 Joer um Dossier neien Asazzenter fir Pompjeeën aus der Gemeng Dippech geplangt an ausgefouert gouf, ass leschten Freiden den neien Zenter zesummen mam neien Gemengenatelier ageweit ginn.
Eng sëllechen Invitéeën, dorënner Vertrieder vun den Nopeschgemengen an Nopeschcorspen, esou ewéi och den Direkter vun der ASS an den Inneminister Dan Kersch, haten den Wee op Dippech fonnt fir dëst Evenement mat den Pompjeeën an der Gemeng Dippech ze féieren.
Nodeems Mme Buergermeeschter, d'Vertrieder vum techneschen Déngscht vun der Gemeng Dippech, ewéi och eisen Kommandant an den Inneminister e puer Wuert zur Entstehung an der Ausféierung vum Projet gesot hunn, gouf den neien Asazzenter mat engem symboleschen Schnatt duerch een Pompjeesschlauch offiziell ageweit. Dono hunn eisen Kommandant an Ënnerkommandant d'Éieregäscht duerch den neien Asazzenter gefouert, wou hinnen all déi wichteg Saachen gewisen an erkläert goufen.
Immens hunn eis Leit sech iwwer den Besuch vun eisen Pompjeeskomeroden vun Morscheid gefreet. Dës sinn mat enger Delegatioun vun 16 Leit, dorënner och e puer Jugendpompjeeën op Dippech komm. Wéi dat esou ënner Kollegen üblech ass, bréngt een op esou Evenementer och een klengen Cadeau mat an esou hunn si, genee wéi d‘Bettener Pompjeeën bei der Aweiung vum Morscheider Gerätehaus am Joer 2000, eng Lann matbruecht. Dëse Bam gouf zesummen mat der Buergermeeschtesch virum neien Asazzenter geplanzt.
Nodeems den Beemchen gesat war an et dobaussen däischter ginn ass, gouf et nach deen een oder aneren Patt am Openthaltsraum vum neien Zenter. Mir soen all den Leit Merci déi bei der Realisatioun vun dësem Projet dobäi waren, virun allem och dem Raymond Bausch deen dës Feier mat e sëllechen Fotoen festgehalen huet, an hoffen dass eis Memberen ëmmer nees Gesond a Monter vun hiren Asätz an hiren neien, modernen an zäitgeméissen Zenter zeréck kommen.
Ewéi all Joer hunn sech och dëst Joer d'Pompjeeën aus der Gemeng Dippech zu Dippech am Bësch getraff fir zesummen een Meekranz ze maachen. Nodeems d'Jugendpompjeeën zesummen mat deenen groussen Pompjeeën d'Kränz gebonnen haten, gouf et een gudden Wirtschen mat Sauerkraut fir den klengen Honger. Duerno si mir een Meekranz bei eis Buergermeeschtesch ophänken gaangen an hunn och de de Café um Bur zu Betten op der Mess net vergiess. Mëttes gouf am Pompjeesbau gegrillt an den Dag an Rou auskléngen gelooss. Mir soen eiser Buergermeeschtesch an dem Café um Bur Merci fir Verfleegung an de Patt an freeën eis op d'nächst d'Joer.
Den Mëttwochmoien, 26.04.17, um 10 Auer hunn d'Pompjeeën aus dem Zenter Dippech mat den Kollegen vun Mamer eng Evakuatiounsübung an der Crèche "Kannernascht" zu Dippech duerchgefouert. Nodeems d'Leit aus dem Zenter nees vum Accident, deen sech Moies kuerz virun hallwer 9 zougedroen huet, zeréck waren sinn Sie op Dippech bei d'Crèche gefuer. Bei der Arrivée vun den Pompjeeën stoungen d'Kanner mat hiren Educatricen schonn virbildlech virun der Dier bei hirem sougenanntenen "Point de Rassemblement'". D'Ziel vun der Übung war ënnerenaner d'Accessibilitéit vum Gebai mat enger Dréileeder ze iwwerpréiwen. Dëst gouf mat der TLK 23-12 vum Mamer Asazzenter duerchgefouert. An dem Sënn soen mir hinnen Merci fir hier Presenz. No enger Erfollegräicher Übung soen mir der Crèche, ewéi och den Kollegen vun Mamer Merci fir dëst flott Übung.
An den nächsten Wochen stellen mir Iech eisen neien Pompjeesbau fir. Den Ufank maachen mir mat der Entrée vum Pompjeesbau. Nodeems een am Gebai ass, sinn d'Weeër esou festgeluecht, dass eis Memberen eso schnell wéi méiglech zu den Vestiairen kommen. Zousätzlech hänkt eng Tele am Entréesberäich, fir wichteg Informatiounen kompakt an iwwersichtlech un eis Memberen weider kennen ze ginn. Natierlech ass des och eng gutt Platz fir eisen méi al Gefierer auszestellen.
Maach iech selwer een Bild vun der Entrée enner dem neien Menü "Asazzenter" .
Den sougenannten " Tëppelchen um i " ass dann lo och bei eis am neien Zenter gesat ginn. No an no sinn mir elo ganz agezunn. Eist d'Logo mécht eis elo Daag an Nuecht erkenntlech. An den folgenden Wochen wäerten mir Iech eisen neien Zenter virstellen. Raum fir Raum.
Am Kader vun enger Aktivitéit vum Cycle 1.1 an 1.2 , gehalen vun de Jofferen Michèle Braun an Jacky Haine, waren d'Kanner bei d'Pompjeeën aus der Gemeng Dippech an den neien Zenter komm. Eis Leit hunn den Kanner d'Pompjeescamionen bëssen erkläert an gewisen wéi eisen Zenter ausgesäit. Bei enger Powerpointpresentatioun goufen Themaen "Feier an 112", wat d'Schoulpersonal schonn an der Schoul hat hinnen gutt gekuckt huet, widderholl. Zum Schluss konnten d'Kanner nach eng kleng Übung maachen. An 2 Gruppen hu se mat enger D-Lanz op Sprëtzwand gezielt. E klengen Erënnerungscadeau kruten d'Kanner an d'Jofferen. 2 Stonnen waren 31 Kanner mat den Jofferen do an goufen vun 4 Pompjeeën betreit.
Mir soen den Schuller Spillschoul Merci fir den Besuch.
Freides, den 17.02, gouf eng gréisser Otemschutzübung am alen Pompjeesbau zu Betteng organiséiert. Mëttels Dampmaschinn gouf den ganzen Stack ënner kënschtlechen Damp gesat. Jeeweils 2 Persounen, genannt een Binom, sinn ënner Otemschutz an d'Gebäi eragaangen. D'Persounerettung war Ziel vum Exercice. Fir den ganzen Szenario méi no un d'Realitéit erunzebréngen, goufen Hannergrondgeräischer ofgespillt an d'Heizungen gutt opgedréint. D'Jugendpompjeeën hunn den Owend och missten weisen wat si alles bis o lo geleiert hunn. Och sinn hunn missten eng Persounerettung an engem net verqualmten Raum duerchfeieren an eng Waasserfördrungen fir déi grouss Pompjeeën opbauen. Als Fazit kann een soen, dass dës Übung d'Pompjeeën un hier kierperlech Grenzen erun brucht huet, esou dass jiddereen am Asaz seng Grenzen kenne geléiert huet. Mir soen dem Guy villmools Merci fir d'Organisatioun vun der Übung.