Eng weider Raimlechkeet am neien Asazzenter zu Dippech ass den Atelier. Dësen ass wuel een vun den wichtegsten Raim am neien Pompjeesbau.
Bei deenen villen Asätz déi iwwer d'Joer gefuer ginn, ass et leider normal, dass mol deen een oder aneren Schlauch, respektiv dat eent oder anert Stéck Geschir op engem Asaz futti geet. Dofir gouf am neien Zenter net op der falscher Platz gespuert an een modernen Atelier ageriicht. Zousätzlech dozou gouf eng Wierkbänk mat Rullen kaf, fir och mol Aarbechten un den Gefierer kennen ze maachen.