Stuermjacket, Stuermbox, Gallet F-1 Helm, feierfest Händschen, Haix-Stiwwelen ,Schutzhauw, Otemschutzmask an schwéiert Otemschutzgerät gehéieren zum Standardequipement vun engem Pompjee deen eng Brandbekämpfung mécht. Stuermjacket an Sturembox sinn aus méischichtegem Stoff welcht duerch Membranen getrennt sinn. Sou kann keng Hetzt ran, an Fiichtegkeet raus. D’Otemschutzmask gëtt mat Hëllef vun engem Verschloss um Helm fixéiert. D’Otemchutzgerät ass Emloft onofhängeg, sou dass den Pompjee +/-25 Minutten an engem Raum mat gëftegen Gasen een Feier bekämpfen kann. An dëser Otemschutzfläsch befënnt sech normal Loft, kompriméiert op 300 Bar. Schutzhauw schützt de Kappberäich, sou dass d’Hetzt an engem Féier keng Ugrëffsfläch op der Haut ka fannen.
