Asaz Kleedung

Previous Next

Kleedung fir speziell Asätz

Beem déi eng Strooss blockéieren oder eng Gefor fir d'Mënschen sinn, gi vun den Pompjeeën ewech gemaach. Fir een adequaten Schutz, equipéiert sech de Pompjee mat schnëttfeste Schung,  Schnëttschutzbox, Helm mat Viséier an Ouerenschutz.

Previous Next

Kleedung fir technesch Asätz

Equipement fir technesch Asätz ass: Stuermjacket, Gallet F-1 Helm, Haix Stiwwelen, F-1 Combinaison an Schaffhändschen. Falls bei engem Autosaccident een Pompjee un engem Patient misst schaffen, ginn amplaz vun den Schaffhändschen  Latex-Händschen ugedoen. Falls Glas mist geschnidden ginn, kréien déi Persounen nach eng Stëbsmask an een Brëll opgesat.  

Kleedung bei Harespelen

Dëst Kleedungsstéck benotzen d'Pompjeeën fir Harespelsnäschter fort ze maachen. Dëst ass een ganzen Kostüm deen aus méi Schichten Stofflagen an engem integréiertem Helm besteet, fir dass d'Harespelen d'Pompjeeën net kenne picken. Dobäi dinn si nach Haix -Stiwwelen an een Puer Händschen un, fir den Risiko gepickt ze ginn minimal ze halen.

Previous Next

Kleedung fir Feierasätz

Stuermjacket, Stuermbox, Gallet F-1 Helm, feierfest Händschen, Haix-Stiwwelen ,Schutzhauw, Otemschutzmask an schwéiert Otemschutzgerät gehéieren zum Standardequipement vun engem Pompjee deen eng Brandbekämpfung mécht. Stuermjacket an Sturembox sinn aus méischichtegem Stoff welcht duerch Membranen getrennt sinn. Sou kann keng Hetzt ran, an Fiichtegkeet raus. D’Otemschutzmask gëtt mat Hëllef vun engem Verschloss um Helm fixéiert. D’Otemchutzgerät ass Emloft  onofhängeg, sou dass den Pompjee +/-25 Minutten an engem Raum mat gëftegen Gasen een Feier bekämpfen kann. An dëser Otemschutzfläsch befënnt sech normal Loft, kompriméiert op 300 Bar. Schutzhauw schützt de Kappberäich, sou dass d’Hetzt an engem Féier keng Ugrëffsfläch op der Haut ka fannen.

Asätz

30
Okt
Findelshaff
Datum: 30. Oktober 2018
Kuerz no 20.00 Auer ass den CIS Dippach op den Findelshaff op en B3 geruff ginn. Op der Plaz ukomm huet

28
Okt
Schouweiler
Datum: 28. Oktober 2018
Medezineschen Noutfall

27
Okt
Dippach
Datum: 27. Oktober 2018
Medezineschen Noutfall

Facebook