Säit Juli 2014 intervenéiert de Centre d’Incendie et de Secours aus der Gemeng Dippech, nieft sengem normalen Pompjëesdéngscht, zousätzlech als "First Responder".
Dësen, hei zu Lëtzebuerg éischter neien Service, ass en Zousazglidd an der Rettungsketten a bidd eng Rei Virdeeler fir Persounen an Nout.
Soumat zielen:
• Eng fachgerecht an erweidert 1. Hëllef
• Betreiung an domat Iwwerbrécken vun der Waardezäit op eng Ambulanz resp. SAMU
• Detailléiert Réckmeldung vun der Situatioun un d’Noutruffzentral
• Eng adequat a koordinéiert Ënnerstëtzung vun der medizinescher Versuergung op der Asazplaz, zu de Kompetenzen vun engem First Responder Team.
Wéi funktionéiert dee Service?
D’Pompjeeën aus der Gemeng Dippech garantéieren eng Permanence vun 2 bis 4 Leit, déi 24 op 7, am Fall vun enger Interventioun asazbereet sinn.
Je no Meldung um 112, entscheed den Opérateur ob d‘First Responder Team mat enger Ambulanz an dem SAMU mat geschéckt gëtt.
Eis Memberen intervenéieren dann, equipéiert mat Noutfallrucksak inkl. hallefautomateschem Defibrillator, fir eng séier Prise en Charge vum Patient ze garantéieren.