Och Pompjeeën brauchen Nowuess !
Wollts du net schonn ëmmer gären eemol Pompjee sinn, an du haass gemengt du wiers ze jonk?
Ab 8 Joer ass dat och vir dech méiglech.
•
Hei leiers Du an 3 Stufen (Bronze, Sëlwer an Gold) praktesch an theoretesch alles waat's du brauchs vir Pompjee ze ginn. An där Zäit schaffs du natierlech och mam Pompjeesmaterial.
• Spaass an Spannung dierf bei eis och net feelen.
• Bei eis ginn awer och sportlech Aktivitéiten gebueden wei Schwammen an Lafen. Eemol am Joer ass en nationalt Zeltlager wous du mat aner begeeschterten Jugendpompjeeën zesummen bass.
• Um Enn vun Joer maachen mir och ëmmer en Ausfluch.
Wann's du lo nach méi Informatiounen wëlls, kanns du dat um Site vun den Lëtzebuerger Jugendpompjeeën maachen: www.jugendpompjeeen.lu
oder Du mells dech direkt bei engem vun eisen Jugendleeder:
-
Margot Thein
Jugendleeder