Geschicht Betten op der Mess

1908

Am Joer 1908 sinn d’Fräiwëlleg Pompjeeën Betten/Mess, deen drëtten Pompjeescorps an der Gemeng Dippech, gegrënnt ginn. Den éischten President war den Carl Francois. An der Grënnungsurkund gouf verzeechent, dass de Veräin schonn deemools aus 22 aktiven Member bestoung. An den éischten Joeren haten d’Pompjeeën Schwieregkeeten déi richteg Raimlechkeeten ze fannen, wou si konnten Übungen an Versammlungen ofhalen an Material ënnerstellen konnten.

 

Aner lokal Veräiner hunn de Pompjeeën awer een Deel vun hiren Raimlechkeeten iwwerlooss, sou dass d’Pompjeeën hiert Material ënnerstellen konnten. Den Veräin huet awer och selwer Fester organiséiert fir d'Pompjeeskees kennen opzebesseren. Sie hun Theatervirstellungen organiséiert, Lotterie ausgespillt an aner geldbrengend Tätegkeeten lancéiert. Déi traditionelle Fester, wei den Housekerbal, Buergbrennen an Verkafen vun Memberskaarten gouf bis an d'Joer 2014 bäibehalen.

 

2008

D'Joer 2008 stoung am Zeechen vum 100 jäeregen Bestoën vun den Pompjeeën Betten/Mess.
Am selwechten Joer gouf d’Generalversammlung vun Kantonalverband zu Betten ofgehalen an de Wanderallye ass an deem Joer duerch Betten gannen. 

 

Den Héichpunkt war d’Feier vun den 100 Joer. Bei herrlechem Wieder gouf dee neien Veräinsfändel, no engem Entworf vum Francois Felten, vum President vum Organisatiounscomité feierlech iwwerreecht.

 

2014

D' Joer 2014 war dunn dat lescht Joer fir d’Fräiwëlleg Pompjeeën Betten/Mess.

 

D’Fusion vun den 2 Corpsen aus der Gemeng Dippech,déi schon säit etlechen Joeren zesummen als  Service d’Incendie et de Sauvetage an eiser Gemeng funktionéieren, war just nach um Pabeier festzehalen. D’Bettener Pompjeeën zeien no 106 Joer ee Schluss Stréch.

 

Si kucken op eng flott Vergaangenheet zeréck, mee gläichzäiteg och op eng flott Zukunft als Fusionscorps mat de Kollegen vun Dippech.

 

 

Asätz

30
Okt
Findelshaff
Datum: 30. Oktober 2018
Kuerz no 20.00 Auer ass den CIS Dippach op den Findelshaff op en B3 geruff ginn. Op der Plaz ukomm huet

28
Okt
Schouweiler
Datum: 28. Oktober 2018
Medezineschen Noutfall

27
Okt
Dippach
Datum: 27. Oktober 2018
Medezineschen Noutfall

Facebook