Ewéi all Joer brennen d'Pompjeeën aus der Gemeng Dippech d'Buerg zu Dippech. Dëst Joer gëtt Buerg beim neien Waasserbaseng (beim alen Dippecher Pompjeesbau) gebrannt. Fir Iessen an Gedrénks ass beschtens gesuergt. Ditt iech och den Wiederkonditiounen no un. Asammelen kommen mir Samschdes Moies, ab 9:00 zu Betteng an Dippech. Mir géifen eis iwwer är Präsenz freeën.
Freides, den 27.01, hatten d'Pompjeeën aus der Gemeng Dippech hir traditionell Assemblée Générale. No der Usprooch vum Kommandant, Patrick Johanns, gouf een Bléck op dat lescht Joer zeréck geworf. Am ganzen goufen baal 150 Asätz aus dem alen Bettenger, ewéi och aus dem neien Asazzenter zu Dippech gefuer. Vill Stonnen sinn fir administrativ Aarbecht an och Entretien vun Gefierer an Material dropgaangen. No der AG goufen d'Invitéen nach op een Patt an een Maufel invitéiert.
Leschte Freiden waren 5 Memberen vum Centre d'Intervention et de Secours Dippach op der Diplomiwwereechung vun der Regioun Süden. Dës gouf an der aler Schungfabrik zu Téiteng ofgehaalen. Mir gratuléieren hinnen an all den anneren fir hir Diplomer.
Leschte Freiden huet d'Equipe vum CISDipp sech fir d'Übung afonnt. Thema vun der Übung waren niewent Erklärungen zu den neien Otemschutzgeräter, den Digitale Funk. Dësen ass een groussen Bestanddeel vun der Reform am Rettungsdéngscht. Niewent dem Fonctionement vun den verschiddene Geräter goufe Szenarien duerchgespillt, bei welchem den TMO oder den DMO geholl ginn. No der Übung gouf et nach Dessert vun engem Member, well dëssen Geburtsdag hat.
Nodeems den Dippecher Bau platz huet misste maache fir den neie Waassertuerm, hunn d'Pompjeeën sech provisoresch am Pompjeesbau zu Betten op der Mess ageriicht.
Aus dësem Provisorium ass ee ganzt d'Joer ginn an dëst war net einfach fir eis Equipe,genee esou ewéi fir zwee Gefierer déi de Wanter iwwer hunn missten dobausse stoe bleiwen.
Domadder ass lo definitiv Schluss. Dem Samschden moien konnt den CISDipp endlech an säin neit Doheem plënneren. D'Gefierer ewéi och dat ganzt Asazgezéih gouf moies geplënnert, nodeems e puer Memberen schonn deen ganzen Stock vun Schläich iwwer Éischt Hëllefmaterial bis op Taassen erageplënnert haten. Dofir een groussen Merci un déi.
No gutt 3 Joer Bauzäit freet sech déi ganz Equipe d'Interventiounen an der Zukunft aus dem neien Zenter, deen lo endlech den Ufuerderungen eiser Zäit gerecht gëtt, kennen ze bewältegen.
Ofschléissend gouf net méi spéit ewéi Haut deen éischten Asaz aus dem neien Pompjeesbau gefuer.