News

++ Porte Ouverte vum CISDIPP ++

++ Porte Ouverte vum CISDIPP ++

Den Weekend vum 16.ten September sinn Dieren beim CISDIPP grouss op. D'Pompjeeën aus der Gemeng Dippech maachen déi éischt grouss Porte Ouverte vum neien Fusioncorps CISDipp. Loosst iech dëst Event Samschdes den 16.ten September 2017 ab 14:00 Auer net entgoen. 

Niewent Visitten vum neien Asazzenter ginn och Übungen vun eisen Jugendpompjeeën, ewéi och vun den Asazzenteren Mamer an Käerjeng/Péiteng ofgehalen. Losst iech d'Chance net entgoen d'Pompjeeën bei der Aarbecht nozekucken. D'Visitten vum Asazzenter ginn vun den Pompjeeën vum CISDipp gehalen an Sie weisen iech wat alles an sou een modernen Pompjeesbau gehéiert.

Deen ganzen Dag ass fir Iessen an Gedrénks gesuergt. Owes ab 19:00 Auer suergt den DJ ROM fir gutt Stëmmung. 

D'Pompjeeën aus der Gemeng Dippech freeën sech Iech all dierfen den 16.ten September ze begréissen. 

Weiterlesen
806 Hits

++ Kreiszeltlager Morscheid ++

++ Kreiszeltlager Morscheid ++

Eis Jugendpompjeeën sinn als Ofschloss virun der Summervakanz op dat grousst Kreiszeltlager bei eis Kollegen op Morscheid gefuer. Iwwer 600 Kanner waren do schonn eng ganz Woch um Camp, mais well hei d'Kanner déi Woch nach Schoul haten, sinn si iwwer den Weekend dohigefuer. Nieft verschiddenen Visitten goufen et lëschteg Owender an vill Spaass fir d'Kanner. Mir soen den Morscheider Kollegen Merci fir dësen ganz flotten Weekend. Een groussen Merci awer och un eis onermiddlech Jugendleeder, well ouni si wär dat natierlech net méiglech gewiescht.

 

2017-07-08-194713
2017-07-08-210224
2017-07-08-181518
2017-07-08-194444
2017-07-08-181456
2017-07-08-170849
2017-07-08-170137
2017-07-08-170642

Weiterlesen
833 Hits

++ Ofschlossübung Summersemester / 14.07.2017 ++

++ Ofschlossübung Summersemester / 14.07.2017 ++

Fir d'Ofschlossübung vum Summersemester 2017 sinn d'Kollegen aus dem Asazzenter vum Mamer op Besuch komm. Sie hunn der Equipe vum CisDipp den Ëmgang mat der Dréileeder, méi genau der TLK ( Teleskopleeder mat Kuerf) erkläert. Dës ass wichteg fir dass eis Memberen am Fall vun engem Brand oder enger Persounerettung ouni grouss Problemer mat den Kollegen vun Mamer kennen zesummen schaffen. Duerch den ELS kennen dës Zeenarien mei dacks virkommen. Mir soen den Kollegen vu Mamer Merci fir dës ganz interessant an opschlossräich Übung.

 

 

Foto-140717-21-38-42
Foto-140717-21-37-55
Foto-140717-21-27-34
Foto-140717-21-22-25
Foto-140717-21-20-53
Foto-140717-21-20-02
Foto-140717-21-17-58
Foto-140717-21-17-50
Foto-140717-21-07-38
Foto-140717-21-07-30
Foto-140717-21-07-15
Foto-140717-21-04-36
Foto-140717-21-04-31
Foto-140717-21-03-33
Foto-140717-21-02-42
Foto-140717-21-01-58
Foto-140717-21-01-50
Foto-140717-21-01-35
Foto-140717-20-59-48
Foto-140717-20-59-41
Foto-140717-20-59-32
Foto-140717-20-59-11
Foto-140717-20-59-00
Foto-140717-20-57-35
Foto-140717-20-56-44
Foto-140717-20-56-30
Foto-140717-20-55-57
Foto-140717-20-55-53

Weiterlesen
714 Hits

++ Tour de France / 03.07.17 ++

++ Tour de France / 03.07.17 ++

Hei een klengen Artikel iwwer eis Permanence-Equipe gëschter während dem Passage vum Tour de France duerch d'Gemeng Dippech. Eis Equipe stoung deen ganzen Mëtteg am Status 1, fir am Fall vun enger Interventioun direkt kennen auszerécken. Well duerch de Passage vum Tour de France verschidden Stroossen ronderëm den Zenter gespaart waren an eis Leit net vun Doheem hätte kéinten an den Zenter fueren war vun der ASS eng sougenannten “Garde casernée” also eng Garde am Zenter gefrot ginn. Den CISDipp war mat 8 Leit an 2 Gefierer vertrueden.

Weiterlesen
786 Hits

Visite vun der Hondsstaffel

Visite vun der Hondsstaffel

Eis Jugend vun den Dippecher Pompjeeën ass leschten Samschden d'Hondsstaffel vun den Pompjeeën kucken gaangen. Nodeems d'Kanner bëssen erkläert kruten wat alles sou trainéiert gëtt an firwat d'Muppen esou gutt sinn fir Leit ze sichen, gouf hinnen an verschiddenen Atelieren gewisen wat déi op zwee an véier Been alles esou kennen. Den Highlight war sécher, d'Sichaktioun wou d'Kanner sech selwer konnten verstoppen, sou dass d'Muppen se hun missten sichen.

Mir soen der Hondsstaffel villmools Merci, dass Sie sech Zäit geholl hunn.  

 

 

Foto-280617-16-32-56
Foto-280617-16-32-47
Foto-280617-16-32-32
Foto-280617-16-32-39

Weiterlesen
814 Hits

Asätz

30
Okt
Findelshaff
Datum: 30. Oktober 2018
Kuerz no 20.00 Auer ass den CIS Dippach op den Findelshaff op en B3 geruff ginn. Op der Plaz ukomm huet

28
Okt
Schouweiler
Datum: 28. Oktober 2018
Medezineschen Noutfall

27
Okt
Dippach
Datum: 27. Oktober 2018
Medezineschen Noutfall

Facebook