News

++ Centre d'Incendie et de Secours Dippech ++

++ Centre d'Incendie et de Secours Dippech ++

Den sougenannten " Tëppelchen um i " ass dann lo och bei eis am neien Zenter gesat ginn. No an no sinn mir elo ganz agezunn. Eist d'Logo mécht eis elo Daag an Nuecht erkenntlech. An den folgenden Wochen wäerten mir Iech eisen neien Zenter virstellen. Raum fir Raum.

Weiterlesen
770 Hits

Groussbotz an der Gemeng Dippech

Groussbotz an der Gemeng Dippech
Leschten Samschdes gouf déi grouss Botz an der Gemeng Dippech organiséiert. Eis Jugend Pompjeeën aus der Gemeng Dippech hunn genau ewéi d'lescht Joer nees matgehollef d'Gemeng een Stéck méi propper ze maachen.D'Wieder war dëst Joer impeccable an esou haten d'Kanner an déi Grouss vill Spaass. Mir sinn ganz frou all Joer nees mat dobäi dierfen ze sinn, fir esou den Kanner ze weisen wéi een mat der Natur soll ëmgoen an wat geschitt wann een et net mécht. Zousätzlech soen den Schuller Scouten Merci fir d'Kachen.
Weiterlesen
893 Hits

Besuch vun der Schuller Spillschoul

Besuch vun der Schuller Spillschoul

Am Kader vun enger Aktivitéit vum Cycle 1.1 an 1.2 , gehalen vun de Jofferen Michèle Braun an Jacky Haine, waren d'Kanner bei d'Pompjeeën aus der Gemeng Dippech an den neien Zenter komm. Eis Leit hunn den Kanner d'Pompjeescamionen bëssen erkläert an gewisen wéi eisen Zenter ausgesäit. Bei enger Powerpointpresentatioun goufen Themaen "Feier an 112", wat d'Schoulpersonal schonn an der Schoul hat hinnen gutt gekuckt huet, widderholl. Zum Schluss konnten d'Kanner nach eng kleng Übung maachen. An 2 Gruppen hu se mat enger D-Lanz op Sprëtzwand gezielt. E klengen Erënnerungscadeau kruten d'Kanner an d'Jofferen.  2 Stonnen waren 31 Kanner mat den Jofferen do an goufen vun 4 Pompjeeën betreit.

Mir soen den Schuller Spillschoul Merci fir den Besuch.  

P1020038
P1020043
P1020032
P1020031
P1020022

Weiterlesen
901 Hits

Otemschutzübung

Otemschutzübung

Freides, den 17.02, gouf eng gréisser Otemschutzübung am alen Pompjeesbau zu Betteng organiséiert. Mëttels Dampmaschinn gouf den ganzen Stack ënner kënschtlechen Damp gesat. Jeeweils 2 Persounen, genannt een Binom, sinn ënner Otemschutz an d'Gebäi eragaangen. D'Persounerettung war Ziel vum Exercice. Fir den ganzen Szenario méi no un d'Realitéit erunzebréngen, goufen Hannergrondgeräischer ofgespillt an d'Heizungen gutt opgedréint. D'Jugendpompjeeën hunn den Owend och missten weisen wat si alles bis o lo geleiert hunn. Och sinn hunn missten eng Persounerettung an engem net verqualmten Raum duerchfeieren an eng Waasserfördrungen fir déi grouss Pompjeeën opbauen. Als Fazit kann een soen, dass dës Übung d'Pompjeeën un hier kierperlech Grenzen erun brucht huet, esou dass jiddereen am Asaz seng Grenzen kenne geléiert huet. Mir soen dem Guy villmools Merci fir d'Organisatioun vun der Übung.

 

IMG1823
IMG0922
IMG0916
IMG1857
IMG1854
IMG1819
IMG1761
IMG0937
IMG0933
IMG0930
IMG0922

Weiterlesen
884 Hits

Buergbrennen '17

Buergbrennen '17

Leschten Samschden gouf dat traditionellt Buergbrennen, organiséiert vun den Pompjeeën aus der Gemeng Dippech, beim neien Waasserbaseng zu Dippech ofgehalen. Ewéi all Joer sinn d'Pompjeeën an och d'Jugendpompjeeën duerch Dippech an Betteng ophiewen gaangen. D'Wieder huet sech Moies vun senger gudder Säit gewisen, wat eis Leit bei der Buerg an beim Asammelen gefreet huet. No der Mëttespaus sinn d'Aarbecht un der Buerg, ewéi och d'Asammelen weider gaangen. Op villen Platz loung genuch, sou dass eis Buerg och gutt gefëllt konnt ginn. Glécklecherweis waren d'Aarbechten un der Buerg an d'Opriichten vum Zelt ofgeschloss ier d'Wieder ëmgeschloen ass. No puer staarken Wandstéiss huet sech d'Wieder dunn awer och nees berouegt an et huet just nach gereent. Ab 18:00 sinn d'Leit trotz den net all zevill gudden Wiederkonditiounen op Dippech komm fir sech dat Spektakel unzekucken. D'Pompjeeskomeroden vun Morscheid hunn den Wee och deskeier nees op Dippech fonnt an hunn mat der Equipe vum CISDipp op een erfollegräicht Buergbrennen ugestouss. Mir soen all den Leit, déi eis Moies Dier opgemaach hunn oder owes bei der Buerg waren villmools Merci fir d'Ënnerstëtzung. Mir freeën eis lo schonn op Versioun 2018.

P1010170
P1010165
P1010160
P1010159
P1010155
P1010147
IMG0981
P1010145
P1010142
P1010141-002
IMG0977

Weiterlesen
1227 Hits

Asätz

30
Okt
Findelshaff
Datum: 30. Oktober 2018
Kuerz no 20.00 Auer ass den CIS Dippach op den Findelshaff op en B3 geruff ginn. Op der Plaz ukomm huet

28
Okt
Schouweiler
Datum: 28. Oktober 2018
Medezineschen Noutfall

27
Okt
Dippach
Datum: 27. Oktober 2018
Medezineschen Noutfall

Facebook