Nodeems insgesamt bal 15 Joer um Dossier neien Asazzenter fir Pompjeeën aus der Gemeng Dippech geplangt an ausgefouert gouf, ass leschten Freiden den neien Zenter zesummen mam neien Gemengenatelier ageweit ginn.
Eng sëllechen Invitéeën, dorënner Vertrieder vun den Nopeschgemengen an Nopeschcorspen, esou ewéi och den Direkter vun der ASS an den Inneminister Dan Kersch, haten den Wee op Dippech fonnt fir dëst Evenement mat den Pompjeeën an der Gemeng Dippech ze féieren.
Nodeems Mme Buergermeeschter, d'Vertrieder vum techneschen Déngscht vun der Gemeng Dippech, ewéi och eisen Kommandant an den Inneminister e puer Wuert zur Entstehung an der Ausféierung vum Projet gesot hunn, gouf den neien Asazzenter mat engem symboleschen Schnatt duerch een Pompjeesschlauch offiziell ageweit. Dono hunn eisen Kommandant an Ënnerkommandant d'Éieregäscht duerch den neien Asazzenter gefouert, wou hinnen all déi wichteg Saachen gewisen an erkläert goufen.
Immens hunn eis Leit sech iwwer den Besuch vun eisen Pompjeeskomeroden vun Morscheid gefreet. Dës sinn mat enger Delegatioun vun 16 Leit, dorënner och e puer Jugendpompjeeën op Dippech komm. Wéi dat esou ënner Kollegen üblech ass, bréngt een op esou Evenementer och een klengen Cadeau mat an esou hunn si, genee wéi d‘Bettener Pompjeeën bei der Aweiung vum Morscheider Gerätehaus am Joer 2000, eng Lann matbruecht. Dëse Bam gouf zesummen mat der Buergermeeschtesch virum neien Asazzenter geplanzt.
Nodeems den Beemchen gesat war an et dobaussen däischter ginn ass, gouf et nach deen een oder aneren Patt am Openthaltsraum vum neien Zenter. Mir soen all den Leit Merci déi bei der Realisatioun vun dësem Projet dobäi waren, virun allem och dem Raymond Bausch deen dës Feier mat e sëllechen Fotoen festgehalen huet, an hoffen dass eis Memberen ëmmer nees Gesond a Monter vun hiren Asätz an hiren neien, modernen an zäitgeméissen Zenter zeréck kommen.