Nodeems den Dippecher Bau platz huet misste maache fir den neie Waassertuerm, hunn d'Pompjeeën sech provisoresch am Pompjeesbau zu Betten op der Mess ageriicht.
Aus dësem Provisorium ass ee ganzt d'Joer ginn an dëst war net einfach fir eis Equipe,genee esou ewéi fir zwee Gefierer déi de Wanter iwwer hunn missten dobausse stoe bleiwen.
Domadder ass lo definitiv Schluss. Dem Samschden moien konnt den CISDipp endlech an säin neit Doheem plënneren. D'Gefierer ewéi och dat ganzt Asazgezéih gouf moies geplënnert, nodeems e puer Memberen schonn deen ganzen Stock vun Schläich iwwer Éischt Hëllefmaterial bis op Taassen erageplënnert haten. Dofir een groussen Merci un déi.
No gutt 3 Joer Bauzäit freet sech déi ganz Equipe d'Interventiounen an der Zukunft aus dem neien Zenter, deen lo endlech den Ufuerderungen eiser Zäit gerecht gëtt, kennen ze bewältegen.
Ofschléissend gouf net méi spéit ewéi Haut deen éischten Asaz aus dem neien Pompjeesbau gefuer.

















