Freides, den 15.07, hunn d'Pompjeeën aus der Gemeng Dippech hir lescht Übung virun der grousser Vakanz ofgehalen. D'Übungplatz war bei der neier Schoul zu Schuller. Op der Platz goufen zwou Equippen gemaach. Déi eng Equipe krut d'Pompel vun LFA2-1 am Detail erkläert. Déi aner Equipe huet allgemeng d'Waasserféierend Amateuren duerchgeholl. Ofschléissend gouf een klengen Leeschtungstest vum Waassernetz bei der Schoul gemaach, sou dass een am Eeschtfall ofschätzen kann wat vun Waasser zu Verfügung steet.
Mir soen eisem Kommandant Merci fir déi Interessant an Wëssenswäert Übungen, déi hien am éischten Semester ofgehalen huet. D'Übungen fänken no der grousser Vakanz nees un mä eis Leit sinn och an der Vakanz fir iech do.




