News

"Fire Flash"- Formatioun zu Mamer

"Fire Flash"- Formatioun zu Mamer

6 Memberen vum Centre d'Intervention Dippach hunn leschten Weekend, op Invitatioun vum Cisma, un enger Formatioun vun der Firma FireFlash.nl deelgeholl. Samschdes ewéi Sonndes gouf et eng Stonn Theorie an dono 3 Stonnen praktesch Aktivitéiten. Haaptpunkt dat Richtegt asetzen vun engem "Hohlstrahlrohr", Geforen vun engem Flash-Over, respektiv engem Backdraft an wei déi Phänomener entstoen kennen an ze verhënneren sinn. Am prakteschen Deel ass an enger éischter Übung puer mol eng Rauchgasdurchzündung provozéiert ginn an erklärt ginn wei sech den Damp während engem Brand entwéckelt. Dono gouf dem Ëmgang mam HSR geüübt. Ziel vun der Übung war et fir ze weisen wei een adequat een Brand mat wéineg Waasser kéint läschen. Dono gouf dat Ganzt ënnert realen Konditioun am Brandcontainer geüübt. Als ofschléissend Übung ass d'Gefor vum Waasserdamp, deen duerchbenoten vun ze vill Waasser bei engem Feier entsteet, gewisen ginn. Duerch des Übung konnten Participanten um eegenen Kierper spieren wat de Waasserdamp kann uriichten an wou engem seng perséinlech Grenzen sinn.

Eis 6 Memberen vum CiDipp sinn gutt forméiert an gesond heemkomm. Mir soen dem Mamer Zenter nach eng Keier Merci fir d'Invitatioun an den Instructeuren fir eng gelongen Formatioun

Motorseehelm am GW-S / LF-20 am Garage fëllen
Spiller ouni Grenzen

Asätz

18
Jun
Schuller - Lampech
Datum: 18. Juni 2017
Eng Persoun blesséiert, eng weider verongléck déidlech.

11
Jun
Spréngkeng
Datum: 11. Juni 2017
Medezineschen Noutfall

02
Jun
Betten op der Mess
Datum: 02. Juni 2017
Medezineschen Noutfall

Facebook