News

Buergbrennen '17

Buergbrennen '17

Leschten Samschden gouf dat traditionellt Buergbrennen, organiséiert vun den Pompjeeën aus der Gemeng Dippech, beim neien Waasserbaseng zu Dippech ofgehalen. Ewéi all Joer sinn d'Pompjeeën an och d'Jugendpompjeeën duerch Dippech an Betteng ophiewen gaangen. D'Wieder huet sech Moies vun senger gudder Säit gewisen, wat eis Leit bei der Buerg an beim Asammelen gefreet huet. No der Mëttespaus sinn d'Aarbecht un der Buerg, ewéi och d'Asammelen weider gaangen. Op villen Platz loung genuch, sou dass eis Buerg och gutt gefëllt konnt ginn. Glécklecherweis waren d'Aarbechten un der Buerg an d'Opriichten vum Zelt ofgeschloss ier d'Wieder ëmgeschloen ass. No puer staarken Wandstéiss huet sech d'Wieder dunn awer och nees berouegt an et huet just nach gereent. Ab 18:00 sinn d'Leit trotz den net all zevill gudden Wiederkonditiounen op Dippech komm fir sech dat Spektakel unzekucken. D'Pompjeeskomeroden vun Morscheid hunn den Wee och deskeier nees op Dippech fonnt an hunn mat der Equipe vum CISDipp op een erfollegräicht Buergbrennen ugestouss. Mir soen all den Leit, déi eis Moies Dier opgemaach hunn oder owes bei der Buerg waren villmools Merci fir d'Ënnerstëtzung. Mir freeën eis lo schonn op Versioun 2018.

P1010170
P1010165
P1010160
P1010159
P1010155
P1010147
IMG0981
P1010145
P1010142
P1010141-002
IMG0977

Buergbrennen'17
Otemschutzübung

Asätz

18
Jun
Schuller - Lampech
Datum: 18. Juni 2017
Eng Persoun blesséiert, eng weider verongléck déidlech.

11
Jun
Spréngkeng
Datum: 11. Juni 2017
Medezineschen Noutfall

02
Jun
Betten op der Mess
Datum: 02. Juni 2017
Medezineschen Noutfall

Facebook