News

++ Botzen vun der Buergplaatz ++

++ Botzen vun der Buergplaatz ++

Nodeems d'Buergbrennen een groussen Succès war, hunn sech um Samschden Moien eng kleng Equipe vum CISDipp getraff fir d'Buergplaatz propper ze maachen. Mëttels Trakter hunn eis Leit den Buedem nees riicht gezunn an den Stamm vun der Buerg aus dem Buedem gegruewen. Souguer zwou Wochen nom Buergbrennen haten verschidden Stecker Holz nach sou eng Hëtzt an sech, dass déi, och bedéngt duerch den staarken Wand um Samschden Moien, nees ugefangen hunn mat brennen. Nodeems d'Buergplaatz souwäit nees frei war vun Neel an aneren metallenen Stécker huet d'Equipe sech nach d'Fanger beim Feier gewiermt. Domat wär d'Buergbrennen 2016 lo komplett ofgeschloss an den Centre d'Incendie et de Secours Dippech freet sech op d'Editioun 2017.  

 

 

++ Buergbrennen 2016 ++
++ Formatioun Renita ++

Asätz

30
Okt
Findelshaff
Datum: 30. Oktober 2018
Kuerz no 20.00 Auer ass den CIS Dippach op den Findelshaff op en B3 geruff ginn. Op der Plaz ukomm huet

28
Okt
Schouweiler
Datum: 28. Oktober 2018
Medezineschen Noutfall

27
Okt
Dippach
Datum: 27. Oktober 2018
Medezineschen Noutfall

Facebook