News

Besuch vun der Schuller Spillschoul

Besuch vun der Schuller Spillschoul

Am Kader vun enger Aktivitéit vum Cycle 1.1 an 1.2 , gehalen vun de Jofferen Michèle Braun an Jacky Haine, waren d'Kanner bei d'Pompjeeën aus der Gemeng Dippech an den neien Zenter komm. Eis Leit hunn den Kanner d'Pompjeescamionen bëssen erkläert an gewisen wéi eisen Zenter ausgesäit. Bei enger Powerpointpresentatioun goufen Themaen "Feier an 112", wat d'Schoulpersonal schonn an der Schoul hat hinnen gutt gekuckt huet, widderholl. Zum Schluss konnten d'Kanner nach eng kleng Übung maachen. An 2 Gruppen hu se mat enger D-Lanz op Sprëtzwand gezielt. E klengen Erënnerungscadeau kruten d'Kanner an d'Jofferen.  2 Stonnen waren 31 Kanner mat den Jofferen do an goufen vun 4 Pompjeeën betreit.

Mir soen den Schuller Spillschoul Merci fir den Besuch.  

P1020038
P1020043
P1020032
P1020031
P1020022

Otemschutzübung
Groussbotz an der Gemeng Dippech

Asätz

18
Jun
Schuller - Lampech
Datum: 18. Juni 2017
Eng Persoun blesséiert, eng weider verongléck déidlech.

11
Jun
Spréngkeng
Datum: 11. Juni 2017
Medezineschen Noutfall

02
Jun
Betten op der Mess
Datum: 02. Juni 2017
Medezineschen Noutfall

Facebook