++ Aweiung vum Dippecher Asazzenter / 12.05.17 ++

Nodeems insgesamt bal 15 Joer um Dossier neien Asazzenter fir Pompjeeën aus der Gemeng Dippech geplangt an ausgefouert gouf, ass leschten Freiden den neien Zenter zesummen mam neien Gemengenatelier ageweit ginn.

Eng sëllechen Invitéeën, dorënner Vertrieder vun den Nopeschgemengen an Nopeschcorspen, esou ewéi och den Direkter vun der ASS an den Inneminister Dan Kersch, haten den Wee op Dippech fonnt fir dëst Evenement mat den Pompjeeën an der Gemeng Dippech ze féieren.

Nodeems Mme Buergermeeschter, d'Vertrieder vum techneschen Déngscht vun der Gemeng Dippech, ewéi och eisen Kommandant an den Inneminister e puer Wuert zur Entstehung an der Ausféierung vum Projet gesot hunn, gouf den neien Asazzenter mat engem symboleschen Schnatt duerch een Pompjeesschlauch offiziell ageweit. Dono hunn eisen Kommandant an Ënnerkommandant d'Éieregäscht duerch den neien Asazzenter gefouert, wou hinnen all déi wichteg Saachen gewisen an erkläert goufen.

Immens hunn eis Leit sech iwwer den Besuch vun eisen Pompjeeskomeroden vun Morscheid gefreet. Dës sinn mat enger Delegatioun vun 16 Leit, dorënner och e puer Jugendpompjeeën op Dippech komm. Wéi dat esou ënner Kollegen üblech ass, bréngt een op esou Evenementer och een klengen Cadeau mat an esou hunn si, genee wéi d‘Bettener Pompjeeën bei der Aweiung vum Morscheider Gerätehaus am Joer 2000, eng Lann matbruecht. Dëse Bam gouf zesummen mat der Buergermeeschtesch virum neien Asazzenter geplanzt.

Nodeems den Beemchen gesat war an et dobaussen däischter ginn ass, gouf et nach deen een oder aneren Patt am Openthaltsraum vum neien Zenter. Mir soen all den Leit Merci déi bei der Realisatioun vun dësem Projet dobäi waren, virun allem och dem Raymond Bausch deen dës Feier mat e sëllechen Fotoen festgehalen huet, an hoffen dass eis Memberen ëmmer nees Gesond a Monter vun hiren Asätz an hiren neien, modernen an zäitgeméissen Zenter zeréck kommen.

 

1840222714560543610821382579956219310044657o
1840235314560200510855698203050533297065783o
18403852145601930775231012462246172210030o
1840408614560222377520173965058693100827270o
1844932514560204844188591486985353196888901o
1840231514560313144177763274552021690026567o
1844950814560356044173472371947952319072766o
1849136414560195777522833966142920574669378o
1840419414560281777514236509244492496824263o
1842292114560470810828664200252452302465997o
1848968414560506010825141115995633682491729o
184493901456013917752849397806195945096652o
1840384414560483244160759193413326059153895o
1754681914560147610860987884485465561344474o
1842305014560132877529126235849291731685682o
1840392414560496210826125201613080021107530o
1842209514560627244146356431938960247571198o
1840229714560524810823264172492127531205690o
1842242014560533610822388304507556384682953o
1842244614560585910817155796054960618590307o
184223241456056917748549655555060458442975o
1842292814560560377486373463621872725192495o
1848961014560657744143306224664243755366788o
1842240014560750477467365392812169834185158o
1844766414560958944113188076417763403931898n
184231191456076841079890695644165720287643o
184514521456084094412498834523887860040028o
184227741456080277746213297598456247719397o
1
6
5
4
Datei-150517-18-23-16
Datei-150517-18-24-58
3
2
Datei-150517-18-21-42
Datei-150517-18-24-03
1842239714560962877446127382412789557143130o