Och dëst Joer huet den Kleeschen den laangen Wee bis an Dippecher Gemeng fonnt. Niewent den gutt gefëllten Titercher fir eis Jugendpompjeeën goufen et natierlech och puer Rutten fir déi Grouss. Mir soen dem Kleeschen an der Gemeng Dippech Merci fir dësen flotten Nomëtten.
Um vergaangenen Freiden, den 13. November huet, zesummen mam Jugendhaus, zu Schuller eng Eechtfallübung stattfonnt.Gemellt gouf een Brand am JH mat vermëssten Persounen. Sur place ukomm, koum d’Confirmatioun, dass sech nach 19 Jugendlecher am Gebai ophalen géifen. Direkt gouf een Suchtrupp erageschéckt, parallel huet den Ugreffstrupp eng Leitung fir de Läschugreff opgebaut. De vermeintlecht Brand gouf séier an der Kichen lokaliséiert an déi vermëssten Jugendlech konnten ebensou all zügesch evakuéiert ginn.
Grousse Merci un dëser Platz un déi Jonk aus dem Jugendhaus, ewéi och un hir Responsabel. Übungen wéi des erméiglechen et eisen Leit ëmmer nees hir ugëeegent Kenntnisser praktesch ëmzesetzen an soumat eng gewëssen Sécherheet an den Oflaf vun ähnlech gréisser Asätz ze bréngen.
De 4. November 2015 hat de CiDipp, zesummen mat der Firma Q8, eng Übung op der Dippecher Gare. Dëst ass, no 2012, déi zweet déi hei stattfonnt huet, des kéier awer a méi engem klengen Kader.
Ziel vun dësem Exercice war et een Läschugrëff opzebauen, fir am Eeschtfall ze wëssen, weivill Waasser engem zu Verfügung steet an awer och den Débit ze kennen, deen een op dëser Plaatz huet. Zousätzlech gouf heibäi d'Biergen an d'Evakuéieren vun Verletzen geübt.
Merci un d'Mataarbechter vun der Q8 fir d'Aluedung an d'Fotoen vun deem Dag.
Den leschten Weekend war Kiermes zu Dippech. Eng Traditioun déi schonn zanter Joeren besteet an wou d'Pompjeeën aus der Gemeng Dippech nach ëmmer drop halen. Bei guddem Wieder ass d'Musek mat den Pompjeeën duerch Duerf getrëppelt an huet den Hämmelsmarsch gespillt. Bei den üblechen Statioun konnten Musikanten hier Strassen nees unfiichten an een klengen Maufel iessen.
Heimat soen mir den Museker vun Kielen Merci fir hiren Engagement.
Den 19 September war eis Jugend zu Mäertert op den "D'Spiller ouni Grenzen" vertrueden. 8 Jugendpompjeeën hunn sech Moies frei mat eisen Jugendleeder op den Wee gemaach fir den ganzen Dag iwwer bei flotten Spiller an guddem Wieder Gemeng Dippech ze vertrieden. Et ass em Geschécklechkeetsspiller, Knobbelspiller an Spiller bei deenen déi ganz Equipe gefrot war gannen. Eis Meedercher an Jongen hunn hir Aufgab ganz gutt gemaach an sinn op déi6ten, respektiv op déi10ten Plaatz vun 40 Equipen komm. Lo heescht et nees léieren fir den nächsten Wëssenstest deen virun der Dier steet.
6 Memberen vum Centre d'Intervention Dippach hunn leschten Weekend, op Invitatioun vum Cisma, un enger Formatioun vun der Firma FireFlash.nl deelgeholl. Samschdes ewéi Sonndes gouf et eng Stonn Theorie an dono 3 Stonnen praktesch Aktivitéiten. Haaptpunkt dat Richtegt asetzen vun engem "Hohlstrahlrohr", Geforen vun engem Flash-Over, respektiv engem Backdraft an wei déi Phänomener entstoen kennen an ze verhënneren sinn. Am prakteschen Deel ass an enger éischter Übung puer mol eng Rauchgasdurchzündung provozéiert ginn an erklärt ginn wei sech den Damp während engem Brand entwéckelt. Dono gouf dem Ëmgang mam HSR geüübt. Ziel vun der Übung war et fir ze weisen wei een adequat een Brand mat wéineg Waasser kéint läschen. Dono gouf dat Ganzt ënnert realen Konditioun am Brandcontainer geüübt. Als ofschléissend Übung ass d'Gefor vum Waasserdamp, deen duerchbenoten vun ze vill Waasser bei engem Feier entsteet, gewisen ginn. Duerch des Übung konnten Participanten um eegenen Kierper spieren wat de Waasserdamp kann uriichten an wou engem seng perséinlech Grenzen sinn.
Eis 6 Memberen vum CiDipp sinn gutt forméiert an gesond heemkomm. Mir soen dem Mamer Zenter nach eng Keier Merci fir d'Invitatioun an den Instructeuren fir eng gelongen Formatioun
Virun zwou Wochen hunn Pompjeeën aus der Gemeng Dippech hier Kasär zu Dippech misste raumen an op Betten plënneren. Dëst well d'Aarbechteren um neie Waassertuerm ufänke sollten. Zanter dem Ufank vun dëser Woch sinn Demolitiounsaarbechte vum ale Bau amgaangen. Dëse Bau gouf an de 80er Joer opgeriicht an huet säin Déngscht gutt gemeeschtert. Och wann et heiansdo era gedrëpst huet oder kal war, konnte mir eis d'Equipement ganz ënner Dach stellen. Lo wou den ale Bau gläich net méi steet, sou ginn d'Aarbechteren um neie Bau zu Dippech gutt virun. Mir freeën eis gläich kennen dohin ze plënneren.