News

Thinnes Pascal has not set their biography yet

Buergbrennen '17

Buergbrennen '17

Leschten Samschden gouf dat traditionellt Buergbrennen, organiséiert vun den Pompjeeën aus der Gemeng Dippech, beim neien Waasserbaseng zu Dippech ofgehalen. Ewéi all Joer sinn d'Pompjeeën an och d'Jugendpompjeeën duerch Dippech an Betteng ophiewen gaangen. D'Wieder huet sech Moies vun senger gudder Säit gewisen, wat eis Leit bei der Buerg an beim Asammelen gefreet huet. No der Mëttespaus sinn d'Aarbecht un der Buerg, ewéi och d'Asammelen weider gaangen. Op villen Platz loung genuch, sou dass eis Buerg och gutt gefëllt konnt ginn. Glécklecherweis waren d'Aarbechten un der Buerg an d'Opriichten vum Zelt ofgeschloss ier d'Wieder ëmgeschloen ass. No puer staarken Wandstéiss huet sech d'Wieder dunn awer och nees berouegt an et huet just nach gereent. Ab 18:00 sinn d'Leit trotz den net all zevill gudden Wiederkonditiounen op Dippech komm fir sech dat Spektakel unzekucken. D'Pompjeeskomeroden vun Morscheid hunn den Wee och deskeier nees op Dippech fonnt an hunn mat der Equipe vum CISDipp op een erfollegräicht Buergbrennen ugestouss. Mir soen all den Leit, déi eis Moies Dier opgemaach hunn oder owes bei der Buerg waren villmools Merci fir d'Ënnerstëtzung. Mir freeën eis lo schonn op Versioun 2018.

P1010170
P1010165
P1010160
P1010159
P1010155
P1010147
IMG0981
P1010145
P1010142
P1010141-002
IMG0977

Weiterlesen
1185 Hits

Buergbrennen'17

Buergbrennen'17

Ewéi all Joer brennen d'Pompjeeën aus der Gemeng Dippech d'Buerg zu Dippech. Dëst Joer gëtt Buerg beim neien Waasserbaseng (beim alen Dippecher Pompjeesbau) gebrannt. Fir Iessen an Gedrénks ass beschtens gesuergt. Ditt iech och den Wiederkonditiounen no un. Asammelen kommen mir Samschdes Moies, ab 9:00 zu Betteng an Dippech. Mir géifen eis iwwer är Präsenz freeën.

Weiterlesen
884 Hits

Assemblée Générale 2016/2017

Assemblée Générale 2016/2017

Freides, den 27.01, hatten d'Pompjeeën aus der Gemeng Dippech hir traditionell Assemblée Générale. No der Usprooch vum Kommandant, Patrick Johanns, gouf een Bléck op dat lescht Joer zeréck geworf. Am ganzen goufen baal 150 Asätz aus dem alen Bettenger, ewéi och aus dem neien Asazzenter zu Dippech gefuer. Vill Stonnen sinn fir administrativ Aarbecht an och Entretien vun Gefierer an Material dropgaangen. No der AG goufen d'Invitéen nach op een Patt an een Maufel invitéiert. 

 

P1020771
P1020770
P1020763
P1020769
P1020765

Weiterlesen
1039 Hits

Diplomiwwerreechung Regioun Süden

Diplomiwwerreechung Regioun Süden

Leschte Freiden waren 5 Memberen vum Centre d'Intervention et de Secours Dippach op der Diplomiwwereechung vun der Regioun Süden. Dës gouf an der aler Schungfabrik zu Téiteng ofgehaalen. Mir gratuléieren hinnen an all den anneren fir hir Diplomer.  

Weiterlesen
775 Hits

Übung - Otemschutzgeräter an Digitalen Funk

Übung - Otemschutzgeräter an Digitalen Funk

Leschte Freiden huet d'Equipe vum CISDipp sech fir d'Übung afonnt. Thema vun der Übung waren niewent Erklärungen zu den neien Otemschutzgeräter, den Digitale Funk. Dësen ass een groussen Bestanddeel vun der Reform am Rettungsdéngscht. Niewent dem Fonctionement vun den verschiddene Geräter goufe Szenarien duerchgespillt, bei welchem den TMO oder den DMO geholl ginn. No der Übung gouf et nach Dessert vun engem Member, well dëssen Geburtsdag hat.  

Weiterlesen
691 Hits

++ Neien Asazzenter ++

++ Neien Asazzenter ++

Nodeems den Dippecher Bau platz huet misste maache fir den neie Waassertuerm, hunn d'Pompjeeën sech provisoresch am Pompjeesbau zu Betten op der Mess ageriicht.

Aus dësem Provisorium ass ee ganzt d'Joer ginn an dëst war net einfach fir eis Equipe,genee esou ewéi fir zwee Gefierer déi de Wanter iwwer hunn missten dobausse stoe bleiwen.

Domadder ass lo definitiv Schluss. Dem Samschden moien konnt den CISDipp endlech an säin neit Doheem plënneren. D'Gefierer ewéi och dat ganzt Asazgezéih gouf moies geplënnert, nodeems e puer Memberen schonn deen ganzen Stock vun Schläich iwwer Éischt Hëllefmaterial bis op Taassen erageplënnert haten. Dofir een groussen Merci un déi.

No gutt 3 Joer Bauzäit freet sech déi ganz Equipe d'Interventiounen an der Zukunft aus dem neien Zenter, deen lo endlech den Ufuerderungen eiser Zäit gerecht gëtt, kennen ze bewältegen.

Ofschléissend gouf net méi spéit ewéi Haut deen éischten Asaz aus dem neien Pompjeesbau gefuer.

 

1388034817728646195934821574641613032167661n
1389180717728647062601403502837422417220341n
1391248417728647295934715960242181686309785n
1392089117728646595934785685755567851332218n
3
2
WhatsApp-Image-20160802
14021626102106593340222593930671787619181279n
DSC4610
DSC4615
DSC4614
DSC4621
DSC4634
DSC4644
DSC4648
DSC4653
back-galleryBack to Plënneren Dippech Betten

Weiterlesen
831 Hits

++ Neien Asazzenter ++

++ Neien Asazzenter ++

Zanter e puer Deeg sinn eis Leit amgaangen den neien Zenter vum CisDipp lues a lues anzeraumen.

Nodeems den Dippecher Bau platz huet misste maache fir den neie Waassertuerm, hunn d'Pompjeeën sech provisoresch am Pompjeesbau zu Betten op der Mess ageriicht.

Aus dësem Provisorium ass ee ganzt d'Joer ginn an dëst war net einfach fir eis Equipe,genee esou ewéi fir zwee Gefierer déi de Wanter iwwer hunn missten dobausse stoe bleiwen.

Net méi laang, dann stinn d'Gefierer nees all ënner Daach an d'Pompjeeën aus der Gemeng Dippech dierfen an hiren neie Bau plënneren. No bal 2 Joer Bauzäit ass den neien Zenter sou gutt wéi fäerdeg an wäert Enn August Ufank September sengen Bestëmmungen iwwergi ginn.

D’ganz Equipe vum CisDipp freet sech drop hier nei Raimlechkeeten kennen an Usprooch ze huelen an endlech an engem neien an .der Zäit ugepassten Pompjeesbau hiren Déngscht um Matbierger kënnen ze erfëllen.

 

1388034817728646195934821574641613032167661n
1389180717728647062601403502837422417220341n
1391248417728647295934715960242181686309785n
1392089117728646595934785685755567851332218n
3
2
WhatsApp-Image-20160802
14021626102106593340222593930671787619181279n
DSC4610
DSC4615
DSC4614
DSC4621
DSC4634
DSC4644
DSC4648
DSC4653
back-galleryBack to Plënneren Dippech Betten

Weiterlesen
846 Hits

++ Visite vun den Berufspompjëeen aus der Stad ++

++ Visite vun den Berufspompjëeen aus der Stad ++
Eis Jugendpompjëen sinn zesummen mat eisen Jugendleeder leschten Samschden an Stad bei Berufspompjëeen gefuer. Als Ofschloss vum éischten Semester sollten d'Kanner och mol déi berufflech Pompjeeën gesinn. No enger flotter Visite vum ganzen Gebai an den Gefierer hunn d'Kanner och nach vill Froen gestallt. Mir soen dem Service d'Incendie et Ambulance de la ville de Luxembourg et villmools Merci, dass sie sech Zäit geholl hunn fir déi flott Visite.
 
Also Ofschloss vum Dag sinn mir nach eng Pizza mat den Kanner iessen gannen.
All Jugendleeder wënschen den Kanner eng schéin Vakanz an freeën sech d'Kanner nees bei der Rentrée erëm zegesinn.
Weiterlesen
923 Hits

++ Lescht Übung virun der Summervakanz ++

++ Lescht Übung virun der Summervakanz ++

Freides, den 15.07, hunn d'Pompjeeën aus der Gemeng Dippech hir lescht Übung virun der grousser Vakanz ofgehalen. D'Übungplatz war bei der neier Schoul zu Schuller. Op der Platz goufen zwou Equippen gemaach. Déi eng Equipe krut d'Pompel vun LFA2-1 am Detail erkläert. Déi aner Equipe huet allgemeng d'Waasserféierend Amateuren duerchgeholl. Ofschléissend gouf een klengen Leeschtungstest vum Waassernetz bei der Schoul gemaach, sou dass een am Eeschtfall ofschätzen kann wat vun Waasser zu Verfügung steet.

Mir soen eisem Kommandant Merci fir déi Interessant an Wëssenswäert Übungen, déi hien am éischten Semester ofgehalen huet. D'Übungen fänken no der grousser Vakanz nees un mä eis Leit sinn och an der Vakanz fir iech do.

 

 

 

IMG4391
IMG4351
IMG4392
IMG4405
 

 

Weiterlesen
909 Hits

Tri-Rescue zu Biekerech

Tri-Rescue zu Biekerech

Leschten Samschden waren eis Jugendpompjeeën aus der Gemeng Dippech op Biekerech op den Tri-Rescue Rallye. Dësen gouf vun der Regioun Norden organiséiert. Déi 11 Kanner an zwee Jugendleeder hunn sech um 17.00 Auer op den Wee gemaach. Bei nach guddem Wieder hunn d'Kanner missten bei verschiddenen Spiller weisen wei gudd sie am Cours opgepasst hunn an weisen dass sie gudd Pompjeeën sinn. Den Spaass ass natierlech och net ze kuerz komm.  Leider huet d'Wieder ëmgeschloen an d'Organisatioun vum Rallye huet déi eenzeg richteg Decisioun geholl an den Rallye ofgebrach. Nodeems all Kanner nees zu Biekerech waren gouf et nach eppes ze iessen an dono ass et schonn nees Heem gannen. Mir wollten awer nachengkeier dem Freylinger-Klein Jean-Marc an Danièle een groussen Merci soen, dass mir bei deem schwéieren Onwieder eis bei hinnen konnten ënnerstellen an souguer Alpakas heemelen konnten. Dofir nachengkeier een GROUSSEN MERCI.  

 

 

13312648101542276823686302241925569592556107n
13344695101542276825286305617728569402831586n
13329401101542276822686306780414446408015977o
Foto-040616-19-46-50
Foto-040616-18-20-07

Weiterlesen
1404 Hits

++ 1. Mee ++

++ 1. Mee ++

Leschten Sonnden hunn d'Pompjeeën, ewéi och d'Jugendpompjeeën vum CISDipp een traditionellen Meekranz am Bësch tëschent Mamer an Dippech gebonnen. D'Wieder ass vun Stonn zu Stonn besser ginn, esou dass eis Léit an d'Kanner een flotten Moien am Bësch verbréngen konnten. Nodeems eis Kanner puer Äscht mat mol méi oder manner vill Blieder sichen waren konnten eis Grouss d'Kränz bannen. Dëst d'Joer hunn mir och eiser Buergermeeschtesch een Kranz gebonnen, dën mir dann géinter Mëtteg bei hier opgehaangen hunn. Zousätzlech kruten mir nach een klengen Maufel ze iessen an ze drénken. Mir soen villmools Merci. Dono gouf nach een Kranz bei den Café um Buer gedroen. Och do Merci fir den Aperitif. Ofschléissent hunn d'Pompjeeën beim Bau zu Betten gegrillt an den Dag bei guddem Wieder auslafen gelooss

 

DSC0039
Datei-020517-18-26-35
Datei-020517-18-25-25
32
2017-05-01-102816

Weiterlesen
913 Hits

++ Grouss Botz, 23.04.16 ++

++ Grouss Botz, 23.04.16 ++
 
 
 
Leschten Samschdes gouf déi grouss Botz an der Gemeng Dippech organiséiert. Eis Jugend Pompjeeën aus der Gemeng Dippech hunn genau ewéi d'lescht Joer nees matgehollef d'Gemeng een Stéck méi propper ze maachen. Och wann d'Wieder am Ufang net richteg matspillen wollt , esou haten d'Kanner awer Spaass. Zum Schluss sinn eis jonk Pompjeeën souguer nach méi oder wéineger fräiwëlleg marschéiert fir nees bëssen méi waarm ze ginn.
Mir soen den Schuller Scouten Merci fir d'Kachen.
 
 
 
 
 
 
Foto-230416-10-37-22
Foto-230416-11-15-39
Foto-230416-10-37-29
Weiterlesen
838 Hits

++ Jugendübung, 09.04.16 ++

++ Jugendübung, 09.04.16 ++

 

Gëschter hunn d'Jugendpompjeeën aus der Gemeng Dippech vun deem gudden Wieder profitéiert an hunn eng Sichaktioun am Bësch gemaach. Nodeems d'Kanner vun eisen Jugendleeder bëssi den Oflaf vun sou enger Aktioun erklärt kruten war et un hinnen. Sie hunn missten 2 Persounen am Bësch sichen an biergen. Dëst awer just nëmmen mat Materialien déi se am Bësch fannen.

 

Sou kruten d'Kanner d'Natur méi no bruecht an Spaass haten si och nach dobäi.

 

 

12952728102096643088708401444761742o
1295305310209664297630559832836456o
12970707102096642990705951250766590o
129706891799721806914707126417737o
12980899102096643019106661032663697o
1298678917997218002480412096044927o
1298671010209664310870890421545692o
Foto-090416-15-27-39
Foto-090416-14-50-36

Weiterlesen
807 Hits

++ Embau MZF-1 ++

++ Embau MZF-1 ++

No der Fusioun vun den 2 Corpsen aus der Gemeng Dippech zum Centre d'Incendie et de Secours Dippech, kuerz CISDipp, ginn verschidden Gefierer lo moderniséiert fir den ëmmer méi usprochsvollen Asätz meeschter ze ginn. Dofir ass eisen MZF-1 am Moment bei der Carrosserie Roemen sàrl an gëtt fachmännesch emgbaut. Kuckt iech Verännerung vum Gefier un.Merci un d'Carrosserie Roemen déi eis d'Fotoen vum Embau schécken.

 

 

 

 

 

12767874102082853692792081456481600o
1278837110208285370759245611002643o
12788396102082853692392071706717358o
1279013310208285368799196638663150o
Foto-090316-09-54-22
Foto-090316-09-54-25
Foto-110316-10-33-34
Foto-110316-10-33-30
Foto-110316-10-33-38
126750991020838588483203491360803o
12207511102083856314657001948861869o
12873384102083856320657151372049218o

Weiterlesen
1060 Hits

++ Formatioun Renita ++

++ Formatioun Renita ++

Den 11.02 kruten d'Memberen vum CISDipp déi obligatoresch Formatioun vum neien digitalen Funksystem " Rentiagehalen. Dësen neien System ass een vun villen Changementer déi d'Reform am Rettungsdéngscht mat sech bréngt. D'Formatioun, gehalen vun engem Mataarbechter vun der Post, huet d'zwou Stonnen gedauert. Nodeems déi nei Funkgeräter, ewéi och déi nei Funktiounen op den verschiddenen Geräter erklärt goufen konnten d'Memberen deen neien System selwer ausprobéieren. Zousätzlech goufen déi nei "Statusmeldungen", déi den Funkverkéier mam 112 miniméierensollen, erklärt. Dës Meldungen erlaben dem ELS (Einsatzleitsystemëmmer ze wëssen wat fir een Gefier sech am Moment wo befënnt, op et Asazbereet oder sech grad op oder vun engem Asaz zeréck befënnt. Den CISDipp ass mat een vun den éischten Zentren am Süden, déi mat dem neien System ausgerüst goufen. D'Equipe vum CISDipp freet sech fir mat dësem neien System dierfen lo schonn ze schaffen.  

 

 

 

Weiterlesen
1620 Hits

++ Botzen vun der Buergplaatz ++

++ Botzen vun der Buergplaatz ++

Nodeems d'Buergbrennen een groussen Succès war, hunn sech um Samschden Moien eng kleng Equipe vum CISDipp getraff fir d'Buergplaatz propper ze maachen. Mëttels Trakter hunn eis Leit den Buedem nees riicht gezunn an den Stamm vun der Buerg aus dem Buedem gegruewen. Souguer zwou Wochen nom Buergbrennen haten verschidden Stecker Holz nach sou eng Hëtzt an sech, dass déi, och bedéngt duerch den staarken Wand um Samschden Moien, nees ugefangen hunn mat brennen. Nodeems d'Buergplaatz souwäit nees frei war vun Neel an aneren metallenen Stécker huet d'Equipe sech nach d'Fanger beim Feier gewiermt. Domat wär d'Buergbrennen 2016 lo komplett ofgeschloss an den Centre d'Incendie et de Secours Dippech freet sech op d'Editioun 2017.  

 

 

Weiterlesen
818 Hits

++ Buergbrennen 2016 ++

++ Buergbrennen 2016 ++

Samschdes den 13.02, gouf schonn wei zanter villen Joeren d'Buerg zu Dippech gebrannt. Obwuel d'Wieder deen ganzen Dag net op der Säit vun den Pompjeeën war, hunn Sie den ganzen Moien fir d'Buerg gesammelt. Vu, dass den neien Asazzenter zu Dippech nach net fäerdeg war, gouf d'Buergbrennen beim alen Pompjeesbau zu Dippech gebrannt. Ënnert dem Moto " Buergbrennen à l'Ancienne" gouf een Zelt, Griller an e puer Bänken opgeriicht , sou dass d'Leit bei deem naassen Wieder eppes waarmes ze iessen kruten an der Buerg am dréchenen konnten nokucken. Och wann et dëst Joer bëssi méi kleng ofgehalen gouf, war den Centre d'Incendie et de Secours frou souvill Leit duerfen ze begréissen an Traditioun "Buergbrennen" ze feieren.

Mir  freeën eis op nächst Joer.  

 

 

 


Weiterlesen
816 Hits

++ Wanterwanderung zu Péiteng ++

++ Wanterwanderung zu Péiteng ++

 

Och dëst Joer hunn eis Jugendpompjeeën aus der Gemeng Dippech un der Wanterwanderung deelgeholl. Och wann d'Wieder net richteg mat wollt spillen, huet eis Jugend déi 8 kM gutt iwwerstanen. Mir soen den Péitenger Kollegen Merci fir d'Organisatioun vun dësem flotten Event.

Weiterlesen
859 Hits

++ Neien Logo ++

++ Neien Logo ++

Hinsichtlech der Reorganisatioun vum Rettungsdéngscht zu Lëtzebuerg, wiesselen och mir vum "Centre d´Intervention Dippach" op "Centre d´Incendie et de Secours Dippach". Hei presentéieren mir Iech lo eisen neien Logo.

Weiterlesen
1385 Hits

++ Centre d´Incendie et de Secours Dippach ++

++ Centre d´Incendie et de Secours Dippach ++

Hinsichtlech der Reorganisatioun vum Rettungsdéngscht zu Letzebuerg, kréien Zenteren een eenheetlechen Numm: "CIS - Centre d´Incendie et de Secours".

Soumatt wiesselen och mir vum "Centre d´Intervention Dippach" op "Centre d´Incendie et de Secours Dippach".

Eis Internetsäit, ewéi och eisen Logo an Mailadressen ginn deementspriechend zäitno desem Changement ugepasst.

Neien Link: www.cisdipp.lu

Weiterlesen
4074 Hits

Asätz

30
Okt
Findelshaff
Datum: 30. Oktober 2018
Kuerz no 20.00 Auer ass den CIS Dippach op den Findelshaff op en B3 geruff ginn. Op der Plaz ukomm huet

28
Okt
Schouweiler
Datum: 28. Oktober 2018
Medezineschen Noutfall

27
Okt
Dippach
Datum: 27. Oktober 2018
Medezineschen Noutfall

Facebook