Asätz

Koup Hee an Flammen

B3
Datum: 30.10.2018

Ort: Findelshaff

Kuerz no 20.00 Auer ass den CIS Dippach op den Findelshaff op en B3 geruff ginn. Op der Plaz ukomm huet sech erausgestallt dass een Koup Hee sech an engem Flachsilo entzünt hat an et zou enger grousser Dampentwécklung komm ass. Den Koup ass no an no aussereneen geholl ginn an ass duerno ofgeläscht an op eng Wiss gefouert ginn. Op der Plaz war den CIS Dippach mat 14 Léit an 4 Gefierer, den Centre d'Incendie et de Secours Bertrange-Strassen, den CIS Kahler - Centre d'Incendie et de Secours Kahler mat enger Miess-Sonde fir Temperatur am Silo ze moossen, den Service Incendie et Ambulance de la Ville de Luxembourg, de Pelotonschef vum Déngscht esou wéi d'Police.

 

Auerzäit
20:11
Gefierer
LF2-1, GW2-1, MZF2-1
 

Asätz

30
Okt
Findelshaff
Datum: 30. Oktober 2018
Kuerz no 20.00 Auer ass den CIS Dippach op den Findelshaff op en B3 geruff ginn. Op der Plaz ukomm huet

28
Okt
Schouweiler
Datum: 28. Oktober 2018
Medezineschen Noutfall

27
Okt
Dippach
Datum: 27. Oktober 2018
Medezineschen Noutfall

Facebook