Ort: Dippach-Bertrange
Kuerz virun 15:30, gouf den Asazzenter Dippech op een VU1 bei der Gréiwelsbarrière geruff. Schon um Ufaartswee kruten d'Pompjeeën den Message eng gréisster Quantitéit un Ökoperl matzebréngen, vu dass Hydraulikueleg géif auslafen. Doduerch gouf decidéiert den MZF2-1 mat op d'Platz ze huelen fir dës Quantitéiten ze transportéieren. Op der Platz ukomm huet sech erausgestallt, dass ee Camion seng Charge beim erausfueren aus enger Niewestrooss verluer hat. Dës ass op d'Autoen, déi riets laanscht Strooss stoungen, gefall. Glécklecherweis waren keng Persounen zu deem Zäitpunkt an den Autoen. Well d'Charge relativ schwéier war, huet missten den Kran vun den Beruffspompjeeën aus der Stad nogeruff ginn, fir dës ganz vum Camion erofzehuelen an nees riicht ze stellen. No 3 Stonnen war d'Strooss nees ganz fir den Verkéier op an den Camion, inklusiv Charge goufen vun der Police vun der Strooss eskortéiert. Den CisDipp war mat 6 Leit an 2 Gefierer, Beruffspompjeeën mat 8 Leit an 3 Gefierer op der Platz.