Ort: Schouweiler
Em 10.15 ass den CIS Dippach op een Asaz an der Route de Longwy zu Schuller geruff ginn.
Op der Plaz ukomm huet sech erausgestallt dass dräi Auto sech ze paken kritt haten.
Een vun den Chauffeuren gouf méi liicht blesséiert an ass mat der Ambulanz an Spidol gefouert ginn.
D’Pompjeeën hunn duerno Strooss geraumt a gebotzt.
Op der Plaz waren 4 Léit mat 1 Gefier souwéi zwee Ersthelfer vum CISDipp, déi direkt op der Plaz éischt Hellëf geleescht hunn, donieft war d’Police mat zwou Patrullen sur Place an den Service Incendie et Ambulance de la Ville de Luxembourg mat enger Ambulanz.