Ort: Dippach
Géint 14.00 Auer ass den CIS Dippech op en T1 - Türöffnung geruff ginn.
Eng Persoun war an engem Haus gefall an huet misste versuergt ginn.
Iwwer de Balcon ass sech Zougang zum Haus verschaaft ginn fir d'viischt Dir opzemaachen an der Ambulanz z'erméiglechen déi blesséiert Persoun ze versuergen an an d'Spidol ze transportéieren.
Op der Plaz war 9 Léit vum CIS Dippech mat 3 Gefierer souwéi d'Ambulance vum Centre d'Incendie et de Secours Mamer an d'Police.