Ort: Dippach - Mamer
De Moien em 4:40 ass den CISDipp op en T1 op d'Streck Dippech-Mamer geruff ginn. En Bam war an Strooss gefall an huet déi zwou Fuerbunnen komplett blockéiert. Dësen ass schnellstméiglech ewechgeraumt ginn an Strooss erëm fräigemaach ginn. Op der Plaz waren 8 Léit vum CISDipp mat 2 Gefierer souwéi d'Police.