Ort: Schuller
Owes géint 20.00 Auer ass den CISDipp op en T1 op Schuller geruff ginn. Een Bam an een ganzen Koup Äscht hunn do d’ganz Fuerbunn blockéiert. Wëll dat ganzt Gestrëpp nom klengmachen huet missten oftransportéiert ginn huet een Arbechter vum Gemengenpersonal mat engem Teleskoplader gehollef d’Äscht ze besäitegen. Op der Plaz waren 6 Léit vum CISDipp mat 2 Gefierer esouwéi een Gemengarbechter an d’Police.