Ort: Dippach
Vill Arbecht fir den CISDipp um Samsden.
Schon em 3.15 Auer an der Nuecht ass d’Equipe vum CISDipp op en G1 geruff ginn. Laut Meldung soll et sech em eng Mazoutspuer am Rond-Point zu Dippech handelen. Op der Plaz ukomm, huet sech erausgestallt, dass sech déi Mazoutspuer vun Dippech iwwer Betteng a Sprénkeng an duerch Schuller gezunn huet. Ronn 1.5 Stonn waren eis Léit am gaangen fir Stroossen ze botzen.
...
Géint 14.00 Auer de Mëtten sinn eis Léit dunn op en VU3 am Rond-Point zu Dippech geruff ginn. Hei war een Motorradsfuerer gefall. Op der Plaz ukomm huet sech erausgestallt dass dës Chute duerch eng nei Mazoutspuer bedéngt war. Nodeems den blesséierten Motorradsfuerer op der Plaz versuergt ginn ass, ass hien mat der Ambulance vum Centre d'Incendie et de Secours Mamer an d’Spidol gefouert ginn. Op der Plaz war och den Pelotonschef vum Déngscht.
Nom botzen a raumen vun der Asazplaz hunn eis Léit dann och nach d’Mazoutspuer, déi zum Accident gefouert huet, an sech vun Dippech duerch Schuller gezunn huet, ewech gemach