Ort: Dippach - Dippach-Gare
An der Nuecht géint hallwer 2 ass den CISDipp op en VU2 op d’RN13 tëscht Dippach an Dippach-Gare geruff ginn. Hei haten sech zwee Autoen aus nach ongekläerter Ursaach ze paken kritt an eent vun den Gefierer war duerno an en Stroossebam gerannt. Zum Gléck gouf keen vun den Chauffeuren eeschthaft blesséiert.
Op der Plaz waren 9 vun eisen Leit souwéi d’Ambulanz vum Centre d'Incendie et de Secours Mamer an d’Police.