Ort: Nouspelt
An der Nuecht géint hallwer 3 ass den CISDipp alarméiert ginn fir Otemschutzträger als Renfort op en Groussbrand op engem Bauerenhaff zu Nouspelt ze schécken. Gefrot waren 6 Otemschutzträger, dobäi koum d’Otemschutziwwerwachung an den Sectiounschef. Zousätzlech ass nach een Pompjee mam MZF nokomm fir dat knaschtegt Geschir herno heem ze transportéieren. Am Ganzen waren 9 Léit vum CISDipp am Asaz déi deenen aneren Wieren op der Plaz eng Hand ugepaakt hunn fir d’Feier an engem Stall ze läschen.
Glécklecherweis ass weder Mensch nach Déier eppes geschitt, an esou konnt eis Equipe géint 7 Auer de Moien erem heemfueren.
Am Ganzen waren iwwert 100 Pompjeeën aus verschiddenen Corpsen zu Nouspelt am Asaz fir dem Feier meeschter ze ginn.