Asätz

Accident op der Kräizung zu Dippech

VU2
Datum: 07.07.2018

Ort: Dippach

De Mëtten géint 17.20 ass den CIS Dippech op en VU2 op der Haaptstrooss zu Dippech geruff ginn.

Eng Automobilistin hat sech hei aus nach ongekläerten Grënn mat hirem Gefier iwwerschloen an ass um Dach léien bliwwen. 

Glécklecherweis gouf si heibäi nëmmen liicht blesséiert.

No enger Eischtversuergung duerch den First Responder vum CIS Dippech, ass si vir weider Kontrollen mat der Ambulance an Spidol gefouert ginn.

Op der Plaz war den CIS Dippech mat 8 Léit, d’Ambulance vum Centre d'Incendie et de Secours Mamer souwéi d’Police.

 

Auerzäit
17:26
Gefierer
LFA2-1, MZF1-1
 

Asätz

30
Okt
Findelshaff
Datum: 30. Oktober 2018
Kuerz no 20.00 Auer ass den CIS Dippach op den Findelshaff op en B3 geruff ginn. Op der Plaz ukomm huet

28
Okt
Schouweiler
Datum: 28. Oktober 2018
Medezineschen Noutfall

27
Okt
Dippach
Datum: 27. Oktober 2018
Medezineschen Noutfall

Facebook