Ort: Bettange-sur-mess
De Moien géint 3 Auer ass den CISDipp op en B2 alarméiert ginn. Den Alarm war ausgeléist ginn duerch eng Brandmeldezentral an engem Atelier wou Iesswueren verschafft ginn. Op der Plaz ukomm huet sech erausgestallt dass et eng Feelfunktioun an enger Reecherkummer ginn huet esou dass es zou enger grousser Dampentwécklung komm ass. Nodeems de Problem lokaliséiert war ass d'Reechermaterial komplett mat Waasser erausgespullt an duerno de ganzen Atelier belëft ginn. Op der Plaz war den CISDipp mat 9 Léit an 3 Gefierer, den Centre d'Incendie et de Secours Monnerech Reckeng/Mess mat 6 Léit an zwee Gefierer, den Centre d'incendie et de secours SaDiff mat enger Dréileeder an engem Tankwon esou wéi eng Ambulanz vum Centre d'Incendie et de Secours Mamer an d'Police.