Ort: Dippach-Bartreng
De Moien kuerz virun halwer 8 ass den CISDipp op een Accident mat engem Blesséierten op Streck Dippech-Bartreng geruff ginn. Een Automobilist hat, bedéngt duerch déi schwiereg Wiederkonditiounen d'Gewalt iwwert säin Gefier verluer, war riets an den Summerwee geroden a mat der Bäifuerersäit an een Bam gerannt. De Mann war schonn vun engem Ersthelfer aus sengem Gefier geholl ginn, hien koum fir eng Kontroll an Spidol. Op der Plaz waren 6 Léit vum CISDipp mat 2 Gefierer esou wéi d'Ambulanz vum Centre d'incendie et de secours SaDiff.
Um Heemwee sinn eis Léit am Rond-Point zu Dippech laanscht een weidert Accident komm wou een Bus an een Camion dra verwéckelt waren. Wëll de Bus mat dem Ziehharmonikasdeel an engem Stroosseschëld festhoung ass dëst mat der Trennscheif ofgeschnidden ginn esou dass de Bus erëm fräi war.