Ort: Bascharage | Stadt: Käerjeng
Bedéngt doduerch dass Käerjenger Kollegen zu Kënzeg um Hausbrand nach am gaangen waren ze schaffen ass den LF2-1 vum CISDipp am Status 1 bliwwen fir eventuell Asätz vum Nopeschcorps kënnen mat ofzedecken. Knapp eng hallef Stonn nodeems eis Léit vum B3 zu Kënzeg zeréck am Zenter waren sinn se op Bascharage geruff ginn fir eng Dir opzemaachen. 6 Mann mat 2 Gefierer waren op der Plaz. Well eis Léit souwisou zu Käerjeng waren sinn se vum 112 iwwer Telefon och nach op eng Hëllefsleeschtung bei engem Ambulanzasaz geruff ginn.