Ort: Clemency | Stadt: Käerjeng
Géint 16.00 Auer ass den CISDIPP als Verstäerkung op en Hausbrand op Kënzeg geruff ginn. Mat 3 Gefierer sinn 12 Mann op Plaz gefuer fir d'Kollegen vun Käerjeng, Péiteng a vum SaDiff ze ënnerstëtzen. Nieft dem Ofschiermen vum Nopeschhaus hunn 2 Otemschutztruppen bannen am Haus gehollef d'Brandnäschter ofzeläschen. Den Asaz huet sech fir d'Corpsen bis déif an d'Nuecht erangezunn. Vu, dass den CISDipp mat enger kompletter Sektioun op der Platz war, goufen sie an den Status 1 gesaat, fir een deel vum Süden ofzedecken am Fall vun enger Interventioun. Dëst soulang wéi d'Corpsen nach mat den Läschaarbechten amgangen waren.