Stadt: Dippach
Um Méinden Owend géint 21 Auer, goufen d'Pompjeeën aus der Gemeng Dippech op een G1 (Gefahrgutunfall) tëschent Dippech an Holzem geruff. Do sollen no engem Accident Flëssegkeeten ausgelaaf sinn. Op der Plaatz ukomm, gouf nach eng Persoun mat Blessuren virfonnt. Vu, dass d'Gefier sech iwwerschloen huet, ass d'Persoun zwecks Kontroll mat der Mamer Ambulanz an d'Spidol gefuer ginn. Den Bäichauffeur war zu deem Zäitpunkt schonn an d'Spidol gefouert ginn.