Stadt: Schouweiler
Sonndes Moies, den 24.09, ass d'Equipe vum CisDipp op eng Aide-Ambulance op Schuller geruff ginn. Wéi déi éischt Equippen op der Platz ukomm sinn, ass festgestallt ginn, dass d'Persoun immens vill Péng hat an doduerch net iwwer den konventionelle Wee konnt an d'Ambulanz transportéiert ginn. Nodeems den SAMU an Dréileeder vun Péiteng als Verstäerkung dobäi geruff goufen, konnt den Patient mat Hëllef vun der DL erausgeholl an an d'Ambulanz transportéiert ginn.