Stadt: Bettange-sur-Mess
Eng weider Alerte koum den 22.09, géint 19:30 Auer. Zu Betten op der Mess waren zwee Autoen mateneen kollidéiert. Duerch den Impakt ass eent vun de Gefierer op der Fuerersäit leien bliwwen, woubäi de liicht blesséierten Chauffeur sech eegenstänneg befreien konnt. Sur place war enneraanerëms d'Ambulanz vu Mamer an d'Pompjeeën aus der Gemeng Dippech.