Stadt: Schouweiler
Géint 16 Auer um Freidegnomëtteg, 22.09, koum déi éischt Meldung vun enger Frontalkollisioun tëscht zwee Gefierer op der Streck Schuller a Lampech. Déi zwee blesséiert Automobilisten goufen no der Éischtversuergung duerch eis First Responder Unitéit, vun den Ambulanzen aus dem Péitenger Asazzenter an d'Spidol bruecht. Pompjeeën aus der Gemeng Dippech waren mat 10 Léit op der Plaatz.