Ort: Betten op der Mess
D'Equipe vum CisDipp ass leschten Donneschden op een mei aussergewéinlechen Asaz geruff ginn. Am Reitstall zu Betten op der Mess hat sech een Fuuss an enger Päerdsbox verlaf. D'Pompjeeën hunn dem Déier den Wee aus der Box fräigemaach, sou dass et selbststänneg konnt fortlaafen. Den CisDipp war mat 5 Léit an engem Gefier op der Platz.