Asätz

Baam an der Strooss

T1
Datum: 06.07.2017

Ort: Dippech / Schuller / Sprénkeng / Betten op der Mess

Während den Onwiederen déi en Donneschdegowend iwwert d'Land gezu sinn ass den CisDipp op eng éischt Alerte wéinst engem Bam an der Strooss tëscht Betten an Dippech geruff ginn. Op der Plaz huet sech erausgestallt dass een klengen Bam en Deel vun der Fuerbunn blockéiert huet. Dësen ass ewech geraumt ginn an d'Léit vum CisDipp sinn d'Stroossen vun der Gemeng ofgefuer fir sécher ze goen dass net nach weider Schied entstanen sinn. Dobäi ass zu Schuller Isolatiounsmaterial wat vun engem Neibau fortgeflunn ass an Strooss blockéiert huet ewech geraumt ginn, d'selwecht wéi een Bam deen Rue De La Croix zu Sprénkeng blockéiert huet. Beim Opraumen vun dësem Bam ass eng weider Alerte iwwert den 112 komm dass och nach een Bam Streck Dippech-Gare - Recken géif blockéieren. Och dësen Bam ass ewech geraumt ginn. Am ganzen war den CisDipp mat 10 Léit an 3 Gefierer während ronn 2 Stonnen am Asaz fir d'Stroossen ze botzen an ze raumen

 

Auerzäit
23:18
Gefierer
LFA2-1 / GW2-1 / MZF1-1
Alarméierung
Pipser / 112
 

Asätz

30
Okt
Findelshaff
Datum: 30. Oktober 2018
Kuerz no 20.00 Auer ass den CIS Dippach op den Findelshaff op en B3 geruff ginn. Op der Plaz ukomm huet

28
Okt
Schouweiler
Datum: 28. Oktober 2018
Medezineschen Noutfall

27
Okt
Dippach
Datum: 27. Oktober 2018
Medezineschen Noutfall

Facebook