Ort: Dippech-Bartreng
Kuerz virun hallwer 9 goufen d'Pompjeeën aus der Gemeng Dippech op een Accident am Ausgang vun Dippech geruff. Den Wee bis bei d'Accident war duerch den villen Beruffstrafic em dës Zäit net evident. Glécklecherweis gouf d'Persoun just liicht blesséiert. Eis Léit waren mat 2 Gefierer an 7 Leit op der Platz. D'Accident war no enger Stonn nees fräi. Ënnerstetzt goufen se vun der Ambulanz Mamer.