Ort: Schuller - Lampech
Um Samschden Metten goufen d'Pompjeeën aus der Gemeng Dippech op een Accident op der Streck tëschent Schuller an Lampech geruff. Een Auto ass aus bis lo nach ongekläerter Ursaach am Agang vun Lampech accidentéiert. Keng Persoun gouf blesséiert. Doduerch, dass den Auto sou onglécklech stoung, huet d'Stréck missten kuerzzäiteg gespaart ginn.
Den CisDipp war mat 8 Leit an 3 Gefierer op der Platz.