Ort: Dippech
Kuerz virun hallwer zwou goufen d'Pompjeeën aus der Gemeng Dippech op een net alldeeglechen Asaz geruff. Den Message den vum 112 komm, war een Déier an Nout, fir méi genau ze sinn een Vull. Op der Platz ukomm, huet sech erausgestallt, dass sech een Bussar um lénksen Fligel wéigedoen huet an net méi aus eegenerKraaft konnt fortfléien. Doropshin gouf den Vull agefaangenen an an eng Transportbox geluecht. Den Fierschter gouf informéiert an huet Déier entgéint geholl. Déier gouf op Diddeleng an d'Fleegestatioun fir wëll Déieren gefouert.