Ort: Dippech-Mamer
Um Dënschden Mette koum et op der Streck tëschen Dippech a Mamer zu engem méi uergen Accident. Zwee Autoe kruten sech am Mamerbësch ze packen. D'Chauffeuren aus den zwee Gefierer si blesséiert ginn. Ënnerstëtzt gouf d'Equipe vum CISDipp vun de Kollege vun Mamer (CISMA), de Beruffspompjeeën an dem SAMU. Während den Rettungsaarbechte gouf d'Streck gespaart.