Asätz

Accident am Dippecherbierg

VU2
Datum: 19.06.2016 14:54

Ort: Dippech-Bartreng

Kuerz virun 15.00 Auer gouf d'Equipe vum Centre d'Incendie et de Secours Dippach den Sonnden op een Accident am Dippecherbierg geruff. Een Auto huet bis aus lo nach ongekläerter Ursaach een Bam ze packen krut. Den Impakt war esou grouss, dass den Motorblock aus dem Auto gerappt ginn ass. Gléck am Ongléck hat den Chauffeur vum Auto. Deen gouf bei dësem Accident net blesséiert. D'Pompjeeën konnten d'Strooss nom Accident botzen, esou dass keng weider Geforen fir den Verkéier konnten entstoen. Den CISDipp war mat 8 Léit an 2 Gefier op der Platz.  

 

 

 

Gefierer
LFA2-1 / MZF1-1
Ënnerstetzung
Police Capellen
 

Asätz

30
Okt
Findelshaff
Datum: 30. Oktober 2018
Kuerz no 20.00 Auer ass den CIS Dippach op den Findelshaff op en B3 geruff ginn. Op der Plaz ukomm huet

28
Okt
Schouweiler
Datum: 28. Oktober 2018
Medezineschen Noutfall

27
Okt
Dippach
Datum: 27. Oktober 2018
Medezineschen Noutfall

Facebook