Ort: Dippech-Bartreng
Kuerz virun 15.00 Auer gouf d'Equipe vum Centre d'Incendie et de Secours Dippach den Sonnden op een Accident am Dippecherbierg geruff. Een Auto huet bis aus lo nach ongekläerter Ursaach een Bam ze packen krut. Den Impakt war esou grouss, dass den Motorblock aus dem Auto gerappt ginn ass. Gléck am Ongléck hat den Chauffeur vum Auto. Deen gouf bei dësem Accident net blesséiert. D'Pompjeeën konnten d'Strooss nom Accident botzen, esou dass keng weider Geforen fir den Verkéier konnten entstoen. Den CISDipp war mat 8 Léit an 2 Gefier op der Platz.